Mäin Mandatsverzicht am Gemengerot zu Echternach.

Mäin Mandatsverzicht:

Eng perséinlech Erklärung.

Fir d’éischt mol deene Wieler*innen e Merci déi mir an eisem Team bei de Walen vum leschte Sonnden d’Vertrauen geschenkt hunn.

Ech well bewosst des schrëftlech Deklaratioun maachen fir keng onnëtz a falsch Interpretatiounen opkommen ze loossen.

Ech verzichten op mäin Mandat als Gemengeconseiller zu Echternach.

Ech hunn den 8. Oktober als Spëtzekandidat vun eisem Team 10% manner Stemmen kritt wéi 2011. Och doduerch hu mer eist Ziel an dëse Schäfferot ze kommen verpasst. Ech iwwerhuelen heifir déi politesch Responsabilitéit. Dat ass den éischte Grond vum mengen Verzicht.

Meng Aktivitéiten fir Echternach teschend 2011 an 2017 gefouert mat aller Energie déi ech hat, wou ech iwwerzeegt bleiwen dat se vun Bedeitung fir eng gutt an engagéiert Zukunft waren, wéi néi inhaltlech an organisatoresch Impulser am Tourismus ginn ze hunn, Bierger*innen zesummeféiere fir d’Kulturpolitik méi oppen a populär ze gestalten, de Stadmarketing initiéiert ze hunn fir d’Stad no bannen an no baussen méi kohärent a modern ze presentéiere, seriö Strukturen an en entwécklungspolitesche Projet bruecht ze hunn oder am Gemengerot mäin Bescht ginn ze hunn, waren fir Bierger*innen keng walentscheedend Themen. Si hunn beim Wielerwëllen keng Roll gespillt. Ech zéien doraus och meng Réckschlëss. Dat ass den zweete Grond vun mengem Verzicht.

E ganz wichtege Grond ass awer och, dat duerch mäin Verzicht eng weider dynamesch Fra an de Gemengerot kennt. Dee Wee fräi maachen fir 2023, e kloert a gutt Zeechen.

Ech war bei mengen 6. Wahlen fir e Gemengerot immens houfreg an esou engem Team hunn däerfe matzemaachen. Si wäerten Spuren hannerloossen an deem wat elo op des Gemeng zoukënnt. Do sinn ech secher.

E grousse Merci un all déi mat deenen ech hunn däerfen an de läischte 6 Joer zesummen schaffen. Si wëssen dat mäin Temperament, mat all mengen Ecken a Kanten, ëmmer fir des Stad do war.

Mäin Engagement an der Zivilgesellschaft (et gi lo 50 Joer) geet weider, no mengen Werter an Iwwerzeegungen, iergendwou.

Adelante *

Raymond Becker
12.10.2017

* Adelante (no fir)
Den internen mot-code vun eisem Team an dëser Walcampagne.