En Message un all eis Deputéiert

Dëse Message vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg un all eis Deputéiert, fir si fir de weltwäiten Parlamentarier-Appell vun ICAN (International campaign to abolish nuclear weapons), Friddensnobelpräis 2017, ze sensibiliséiere.

Lëtzebuerg, den 9. Juli 2020

Dir Damen an dir Hären Deputéiert, 

De 7. Juli 2017 hunn 122 Regierungen innerhalb vun de Vereente Natiounen fir d’Unhuelen vun engem Atomwaffenverbuetsvertrag gestëmmt.

De nächste Schrëtt ass deen, dat Natiounen dat Ofkommes ënnerschreiwen a ratifizéiere. Esou gëtt dee Vertrag verbindlech, internationaalt Recht.

Dee néie Vertrag stellt déi schrecklech Waffen op déi selwecht rechtlech Grondlag wéi aner onmënschlech Waffen, dorënner biologesch a chemesch Waffen, Anti-Persouneminnen an Streemunitioun.

50 Natiounen mussen dat ënnerschreiwen a ratifizéiere. Zu dësem Zäitpunkt hunn 81 Staaten ënnerschriwwen, an 39 Staaten ratifizéiert. All Detailer fann dir ënnert www.icanw.org .

Am Juli 2019 huet d’OSZE (Organisation für Sicherheit und Zusammenarbeit in Europa) op hirer parlamentarescher Joresversammlung mat lëtzebuerger Bedelegung, folgenden Passus an hirer „Erklärung von Luxemburg“ ofgestëmmt: „ (…) fordert die Teilnehmerstaaten nachdrücklich auf, den Vertrag von 2017 über das Verbot von Kernwaffen, das erste rechtsverbindliche internationale Übereinkommen, das ein umfassendes Verbot von Kernwaffen mit dem Ziel ihrer vollständigen Abschaffung vorsieht, zu unterzeichnen (…)“

Lëtzebuerg huet dëse Vertrag bis elo net ënnerschriwwen an och net ratifizéiert. Mir si gäre bereet, eis mat iech an engem Gespréich auszetauschen, firwat dat wichteg wier, a firwat et kengem internationalen Engagement vun eisem Land widdersprécht.

ICAN-International (Friddensnobelpräis 2017) lancéiert eng weltwäit parlamentaresch Initiativ a Form vun engem Verspriechen.

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform ënnerstëtzt des Initiativ. Mir wiere frou, wann och dir géift dëst Verspriechen ënnerstëtzen. Dat wir e Verspriechen, an ärer Funktioun als Parlamentarier, fir dësen Vertrag anzestoen.

Den Text deen ICAN-International als Verspriechen virschleet ass folgenden:

„The Pledge

We, the undersigned parliamentarians, warmly welcome the adoption of the UN Treaty on the Prohibition of Nuclear Weapons on 7 July 2017 as a significant step towards the realization of a nuclear-weapon-free world.

We share the deep concern expressed in the preamble about the catastrophic humanitarian consequences that would result from any use of nuclear weapons and we recognize the consequent need to eliminate these inhumane and abhorrent weapons.

As parliamentarians, we pledge to work for the signature and ratification of this landmark treaty by our respective countries, as we consider the abolition of nuclear weapons to be a global public good of the highest order and an essential step to promote the security and well-being of all peoples.”

Wann dat är Zouso géif kréien, loosst eis et iwwert fsplux@posteo.lu wëssen.

Mir leeden dann äre Message un ICAN International weider.

Mat frëndleche Gréiss,

fir d‘Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg
Raymond Becker